Libido (lat. f.) (Geschlechtsdriff, sexuellt Verlaangen, Loscht op Sex, Befriddegung...) ass an deene meeschte Sproochen e substitutionelle Begrëff fir d'sexuell Regungen a Besoinen, well déi meescht Sprooche kee vergläichbar preziist Wuert opweises hu fir dat auszedrécken. D'Biologie huet als éischt dëse laténgesche Begrëff iwwerholl. Gemengt ass domat quasi all emotional Relatioun, déi vum Geschlechtsdriff ausgeet.

D'Stäerkt vun der Libido hänkt vum individuelle Gesondheetszoustand a konsequenterweis vum Alter of. D'Libido ass hormonell (an androgen) gesteiert a gewënnt am Laf vum mënschleche Liewen u Bedeitung: z. B. eng kontinuéierlech Steigerung vun der sexual-anatomescher Sensibilitéit, eng Steigerung vun der sënnlecher Stimulatioun an eng gutt Harmonie an der sexueller Partnerschaft asw.

D'Libido ass biologesch nëmme wéineg ze beaflossen; e bëssen durch Klimaverhältnesser an Ernierung. Séilesch ass se méi fragil. Jee no séilescher Stabilitéit oder mentaler Hygiène brauch et net vill fir eng Sexualstéierung ervirzeruffen (Impotenz, Frigiditéit, Hyposexualitéit...)


Sexologie

Agdistis - Amourohilie - Androgyn - Geschlechtsorganer bei der Fra - Geschlechtsorganer beim Mann - Hermaphroditos - Heteromorphie - Heterosexualitéit - Homosexualitéit - Libido - Masturbatioun - Narzissmus - Phenotyp - Pornographie - Salmakis - Sex - Sexualitéit - Sexualpedagogie - Transgender - Zwitter