De Liber (lat. fräi) war e réimesche Wäin- a Fruchtbarkeetsgott. Mat senger Mamm Ceres a senger Schwëster Libera huet hien eng Gëtterdräiheet gebilt.

Säi Fest, d'Liberalia, hunn d'Réimer de 17. Mäerz gefeiert. Bei där Geleeënheet hunn déi Jongen déi am entspriechenden Alter waren (tëscht 14 a 17 Joer, ofhängeg vun hirer Maturitéit a vun der Entscheedung vun hire Pappen) hir Kannerkleeder (toga praetexta), eng Toga mat roudem Bord, géint d'Bekleedung vum erwuessene Mann, der wäisser toga virilis (och toga libera) getosch.

Analogien änneren