De Lewis Boss, gebuer de 26. Oktober 1846 zu Providence, Rhode Island, a gestuerwen de 5. Oktober 1912 zu Albany am Bundesstaat New York, war en US-amerikaneschen Astronom. Säi Jong, de Benjamin Boss, war och Astronom.

Lewis Boss
Gebuer 26. Oktober 1846
Gestuerwen 5. Oktober 1912
Albany
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom
Member vun Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, National Academy of Sciences
Famill
Kanner Benjamin Boss

1876 gouf de Lewis Direkter vum Dudley Observatoire zu Schenectady, New York. Am Joer 1882 huet hien eng Expeditioun an de Chile ënnerholl, fir e Venustransit z'observéieren.

Hien ass bekannt duerch seng Katalogiséierung vu Positiounen an Eegebeweegunge vu Stären. 1910 publizéiert hien de Preliminary General Catalogue of 6188 Stars for the Epoch 1900, eng Kompilatioun vu Stären-Eegebeweegungen. Dee Katalog gouf no sengem Doud weidergefouert.

Seng bedeitendst Leeschtung war d'Berechnung vum Konvergenzpunkt vum Stärekoup Hyaden.

De Boss gouf 1905 mat der Goldmedail vun der Royal Astronomical Society ausgezeechent.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie