Lettesche Lats

fréier Wärung vu Lettland

De Lettesche Lats oder och einfach Lats (LVL) war vun 1922 bis den 31. Dezember 2013 (ausser tëscht 1940 an 1993) déi offiziell Wärung vu Lettland. E gouf den 1. Januar 2014 mam Euro ersat, nodeems Lettland der Eurozon bäigetruede war.

1 Lat war an 100 Santīmu ënnerdeelt.

Geschicht änneren

1922 bis 1940 änneren

De Lettesche Lats gouf 1922 eréischt als Goldwärung offiziell agefouert. Nodeems Lettland am Abrëll 1940 un d'Sowjetunioun ugegliddert gouf, gouf de Lettesche Lats mam Rubel ersat.

1993 bis 2013 änneren

No der Onofhängegkeet vun der Sowjetunioun gouf als éischt de Lettesche Rubel als Iwwergangswärung agefouert. Am Oktober 1993 gouf de Lettesche Lats offiziell erëm agefouert.

Wéi den Ëmtoschwäert zum Euro festgeluecht gouf, gouf dee mat 1 EUR  = 0,702804  LVL fixéiert.

Mënzen änneren

Billjeeën änneren

Wäert Faarf Recto Verso
5 Lati gréng   Eng Eech   geschnëtzt Sonnenornament
10 Latu mof   Daugava   traditionell lettesch Fibel
20 Latu brong   traditionelle lettesche Bauerenhaff   traditionellt lettescht Wiefornament
50 Latu blo   Hansekogg   Stadwopen a -plang vu Riga
100 Latu rout   Krišjānis Barons   Fragmenter vun der Ceinture vu Lielvārde
500 Latu gold   lettescht Baueremeedchen   Ornament vun engem bronzenen Hutt

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lettesche Lats – Biller, Videoen oder Audiodateien