D'Lesse ass e Floss, deen duerch d'belsch Ardenne leeft. Hir Quell ass bei Libramont-Chevigny, an der Provënz Lëtzebuerg; si leeft zu Anseremme, an der Gemeng Dinant, an d'Meuse.

Lesse
Längt 89 km
Hydrographesche
Baseng
Meuse-Baseng
Fläch vum Baseng 1.343 km²
Leeft an Meuse

Bei Han-sur-Lesse (Gemeng Rochefort), beim Gouffre de Belvaux, leeft d'Less op iwwer engem Kilometer ënner dem Buedem, wou se duerch Erosioun de Grotte-System vun de Grottes de Han geschaf huet.

Verschidde Grotte laanscht d'Lesse si wichteg archeologesch Plazen, dorënner den Trou de Chaleux, den Trou des Nutons an den Trou du Frontal zu Furfooz.

Dierfer laanscht d'Lesse sinn Daverdisse, Han-sur-Lesse, Houyet an Anseremme.

Hir Haaptnieweflëss sinn: d'Wamme, d'Lhomme, d'Almache, d'Wimbe an de Biran.

Nieweflëss vun der Meuse
Lénks : Alyse - Andon - Bar - Burnot - Dieze - Ennemane - Faux -Féron - Forges - Geer - Gelbressée - Hermeton - Houyoux - Leffe - Légia - Mehaigne - Méholle - Molignée - Raam - Récourt - Sambre - Saônelle - Saulx - Scance - Sormonne - Vair - Vence - Viroin - Voer - Wame - Wiseppe - Yoncq
Riets : Aroffe - Berwinne - Bocq - Creuë - Flambart - Givonne - Goutelle - Geul - Houille - Hoyoux - Julienne - Kuer - Lesse - Mouzon - Niers - Ourthe - Roer - Rupt - Samson - Semois - Swalm - Vrigne
Kuckt och : Baseng vun der Meuse

Um Spaweck änneren

Commons: Lesse (river) – Biller, Videoen oder Audiodateien