De Leopoldo Elia gebuer de 4. November 1925 zu Fano, a gestuerwen de 5. Oktober 2008 zu Roum, war en italieenesche Jurist a Politiker.

Leopoldo Elia
Gebuer 4. November 1925
Fano
Gestuerwen 5. Oktober 2008
Roum
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit La Sapienza
Aktivitéit Politiker, Jurist, Diplomat, Universitéitsprofesser, Riichter, Geschäftspersoun
Member vun Accademia delle Scienze di Torino

1976 gouf den Elia vum italieenesche Parlament als Riichter um Verfassungsgeriicht gewielt, vun deem e vun 1981 bis 1985 de President war.

1987 gouf en op der Lëscht vun der Democrazia Cristiana an de Senat gewielt. Vun 1992 bis 1994 war e Member vun der Chamber. 1996 gouf en erëm als Senator gewielt, déi Kéier op der Lëscht vun der Ulivo.

An der Regierung vum Ministerpresident Ciampi war hie vun 1993 bis 1994 Minister fir Reforme vum Walrecht a vun den Institutiounen. Vum 19. Abrëll bis den 10. Mee 1994 war en Ausseminister vun Italien.

Als Professer fir Verfassungsrecht huet hien op e puer Universitéiten enseignéiert, an huet e puer Monographien an Essaie geschriwwen.