E Lektionar ass e liturgëscht Buch, an deem déi Liesabschnitter (Perikopen) stinn, sou wéi se am Laf vum Kierchejoer am Gottesdéngscht gebraucht a virgelies ginn.

E kompletten Lektionar besteet aus engem Evangelistar, d'Liesabschnitter aus den Evangelien, an engem Epistolar, eng Sammlung mat allen anere biblesche Liestexter.