D'Leda war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Kinnek Thestios vun Aitolien an der Eurythemis an d'Fra vum Tyndareos. Hir Schwëstere sinn d'Althaia an d'Hypermestra. Si hat eng Rei Kanner déi deelweis vun hirem Mann, deelweis vum Zeus waren. Den Zeus ass der Leda a Form vun engem Schwan begéint an d'Leda huet duerno zwee Eeër geluecht aus deenen d'Helena an d'Dioskuren erauskomm sinn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.

Um Spaweck änneren

Commons: Leda – Biller, Videoen oder Audiodateien