Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse

De Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse KP, gebuer de 17. November 1840 op Birr Castle[1], Parsonstown, County Offaly a gestuerwen den 30. August 1908 war en iresche Adlegen an Astronom. Hie war de Jong vum William Parsons, 3. Earl of Rosse an hat 1867 beim Doud vum Papp den Titel vum Earl of Rosse geierft.

Lawrence Parsons, 4. Earl of Rosse
Gebuer 17. November 1840
Gestuerwen 29. August 1908
Nationalitéit Irland
Educatioun Trinity College Dublin
Aktivitéit Astronom
Member vun Däitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Royal Society
Famill
Papp William Parsons

Vun 1868 bis zu sengem Doud war hien ee vun de gewielte Representative Peers vun den ireschen Adlegen am House of Lords. Tëscht 1892 an 1908 fungéiert hie weider als Lord Lieutenant vun King's County. A béide Funktioune war och scho säi Papp aktiv.

De Parsons war vun 1885 bis 1908 den 18. Rektor vun der Universitéit Dublin. Hien hat sech 1870 nat dem Frances Cassandra Hawke, eng Duechter vum Edward Harvey-Hawke, 4. Baron Hawke den 1. September 1870 bestuet. Si haten dräi Kanner. Bei sengem Doud goung den Titel op den eelste Jong, den William iwwer.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Eintrag auf adsabs.harvard.edu, S. 250–253

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie