Lawrence Gonzi

malteesesche Politiker

De Lawrence Gonzi, gebuer den 1. Juli 1953 zu Pietà, ass e malteesesche Politiker.

Lawrence Gonzi
Gebuer 1. Juli 1953
Valletta
Nationalitéit Malta
Educatioun Universitéit vu Malta
Aktivitéit Ekonomist, Politiker
Partei Nationalist Party

Hien ass de Leader vun der Nationalist Party (op Malteesesch: Partit Nazzjonalista) a gouf den 23. Mäerz 2004 Premierminister. No de Parlamentswalen 2008 gouf hien an dëser Funktioun confirméiert.

1998 gouf de Lawrence Gonzi Minister fir Sozialpolitik an 1999 Vizepremier. 2004 gouf hien da Premierminister a Finanzminister. Ausserdeem krut hien 2008 de Porte-feuille vum Inneministère, vun der Ëmwelt a Landesplanung, vun der Verdeedegung, vun der Nohalteger Entwécklung a vum Tourismus.