Laura Bassi

italieenesch Philologin

D'Laura Bassi, gebuer den 31. Oktober 1711 zu Bologna a gestuerwen och do den 20. Februar 1778, war eng italienenesch Philologin, an déi éischt Universitéitsprofessesch an Europa.

Laura Bassi
Pseudonym Laurinda Olimpiache
Gebuer 29. Oktober 1711
Bologna
Gestuerwen 20. Februar 1778
Bologna
Nationalitéit Kierchestaat
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Physiker, Universitéitsprofesser, Mathematiker, Philosoph, Biolog

D'Laura Bassi krut Unterrecht vun hirem Papp, engem Jurist, an anere Bekannten.

1732 krut si den Doktortitel an der Philosophie, a gouf als éischt Fra an Europa zur Professesch fir Philosophie op der Universitéit Bologna ernannt. Si konnt Latäin, Griichesch a Franséisch, an huet Physik a Mathematik enseignéiert. Si war et, déi dem Isaac Newton seng Erkenntnesser an Italie bekannt gemaach huet. Si gouf vum Äerzbeschof vu Bologna ënnerstëtzt, deem spéidere Poopst Benedikt XIV.

Si war mam Dokter a Physiker Giuseppe Veratti bestuet (1738) a gouf Mamm vun 8 Kanner vun deenen der 5 iwwerlieft hunn.

Literatur änneren

  • Beate Ceranski: „Und sie fürchtet sich vor niemandem“: die Physikerin Laura Bassi (1711 - 1778). Campus-Verlag, Frankfurt (Main) 1996.

No der Laura Bassi genannt änneren

  • eng Strooss rue Laura Bassi zu Esch-Uelzecht (PLZ 4049) am Quartier Zaepert (benannt de 7. Dezember 2007)

Um Spaweck änneren

Commons: Laura Bassi – Biller, Videoen oder Audiodateien