Las Campanas-Observatoire

De Las-Campanas-Observatoire ass en astronomeschen Observatoire am Besëtz an ënner der Leedung vun der Carnegie Institution for Science. E steet an der Géigend vu La Serena am Chile. D'Plaz fir den Observatoire gouf wéinst sengem Klima a Wieder erausgesicht. E läit meeschtens iwwer de Wolleken a bitt 300 wollekefräi Deeg pro Joer fir d'Erfuersche vum Stärenhimmel.

Siicht vum Irénée-du-Pont-Teleskop: Um Hiwwel lénks sinn déi béid Magellan-Teleskopen ze gesinn, vir steet e Panoramatuerm, dohanner d'Warschauer Teleskop an den 13"-Refrakter, riets d'Henrietta-Swope-Teleskop
Vir riets déi béid Magellan-Teleskope, lénks dohanner d'Irénée-du-Pont-Teleskop.

Am Observatoire steet eng Rei vu Spigelteleskopen. Déi gréisst Instrumenter sinn déi béid Magellan-Teleskope mat 6,5 m Spigelduerchmiesser. Donieft gëtt et d'"Irénée du Pont" mat 2,5 m Spigelduerchmiesser an d'"Henrietta Swope" mat 1,0 Meter, genannt no der Irénée du Pont resp. der Henrietta Hill Swope. D'Swopeteleskop zeechent sech duerch e grousse Bildwénkel vun 2° aus, dee mat engem Ritchey-Chrétien Opbau mat engem relativ grousse 25 cm Sekundärspigel an engem Gascoigne Korrekter erreecht gëtt.

D'Irénée du Pont ka mat follgenden Instrumenter bedriwwe ginn:

  • Direct CCD Camera
  • Wide Field IR Camera
  • Wide Field Reimaging CCD Camera
  • Boller & Chivens Spectrograph (Slit Spectrograph)
  • Echelle-Spektrograph
  • ModSpec, e Spektrograph, deen och um Henrietta Swope Teleskop gebraucht ka ginn.

Fir d'Henrietta-Swope-Teleskop stinn follgend Instrumente bereet:

Um Terrain stinn och nach den 1.3m Warsaw University Telescope an en 13-inch Refraktor.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Las Campanas Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien