Larry Valvasori

lëtzebuergesche Vëlossportler

De Larry Valvasori, gebuer den 30. Mee 1996, ass e lëtzebuergesche Vëlossportler.

Larry Valvasori
Gebuer 30. Mee 1996
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Vëlossportler
Veräin/Ekipp Differdange-Losch,
Differdange-Losch,
VC Villefranche Beaujolais

Nodeems en am Ufank beim VV Tooltime Préizerdaul gefuer ass, ass de Larry Valvasori wärend 4 Saisonen (vun 2015 bis 2018) am Trikot vum Team Differdange - Losch gefuer. Dono war hien an Éisträich beim Team Vorarlberg Santic ënnerwee.

No e puer Joer mat Knéiproblemer ass hien an de Joren 2021 an 2022 a Frankräich op Amateurniveau gefuer, fir d'éischt beim AC Bisontine, engem Club aus der franséischer Nationale 1, an du beim VC Villefranche Beaujolais. Nodeems bei him an der Saison 2022 erëm Top-10-Resultater méiglech waren (2. beim Grand Prix de Tourteron, 5. bei de Quatre Jours des As-en-Provence a 6. vum Tour du Pays Roannais), gouf hie fir d'Saison 2023 bei der Kontinentalequipe Nice Métropole Côte d'Azur engagéiert.

Palmarès änneren

2014 änneren

  • 4. bei de Landesmeeschterschaften am Contre-la-montre (Juniors)

2015 änneren

  • 3. bei de Landesmeeschterschaften am Contre-la-montre (Espoirs)
  • 3. bei de Landesmeeschterschaften op der Strooss (Espoirs)

2021 änneren

  • 1. bei de Landesmeeschterschaften op der Strooss (Elite ouni Kontrakt)
  • 3. bei de Landesmeeschterschaften am Contre-la-montre (Elite ouni Kontrakt)

2022 änneren

Quellen änneren