Larry King

US-amerikanesche Journalist an Talkmaster

De Larry King, gebuer den 19. November 1933 als Lawrence Harvey Zeiger zu Brooklyn, New York City, a gestuerwen den 23. Januar 2021 zu Los Angeles,[1] war en US-amerikanesche Journalist an Talkmaster.

Larry King
Gebuertsnumm Lawrence Harvey Zeiger
Gebuer 19. November 1933
Brooklyn
Gestuerwen 23. Januar 2021
Cedars-Sinai Medical Center
Nationalitéit USA
Aktivitéit Schauspiller, Radiosspeaker, Journalist, Televisiounsmoderateur, Synchronspriecher, Schrëftsteller

Hie war virun allem bekannt duerch seng Emissioun Larry King Live, mat där e vun 1985 bis 2010 beim US-amerikaneschen Noriichtesender CNN bal all Dag ze gesi war. Zu sengem Markenzeechen hunn d'Bretelle gehéiert, déi en iwwert dem Hiem gedroen huet. Hien huet eng Abberzuel vu Prominenten interviewt, dorënner, vum Richard Nixon un, all US-Presidente bis den Donald Trump nach mat.

2009 koum seng Biographie mam Titel My Remarkable Journey eraus.


Um Spaweck änneren

Commons: Larry King – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Larry King, veteran broadcaster and TV personality, has died at age 87", today.com, 23. Januar 2021.