Large Millimeter Telescope

De Large Millimeter Telescope (LMT), op Spuenesch Gran Telescopio Milimétrico (GTM), ass e grousst Radioteleskop fir Millimeterwellen op der 4.580 Meter héijer Spëtzt vum fréiere Vulkan Sierra Negra am Bundesstaat Puebla a Mexiko. E gouf offiziell den 22. November 2006 ageweit a war zu där Zäit dat gréisst Teleskop fir den uviséierte Wellelängteberäich vun 0,85 bis 4 Millimeter.

Large Millimeter Telescope am Mäerz 2008
D'geographesch Lag vum LMT.

D'Standplaz vum LMT ass ronn 250 Kilometer ëstlech vu Mexiko-Stad, an Noperschaft vum Vulkan Citlaltépetl (Pico de Orizaba), dem héchste Bierg vu Mexiko, a bitt am Wanter Siichtbedingunge wéi an der Antarktis. An der klorer Loft bei mëttlerer Wandvitessë vun ënner 5 Meter pro Sekonn gëtt d'Ausriichtgenauegkeet vun der Antenn besser wéi eng Bousekonn. Et huet eng gutt Siicht nom Nord- wéi och zum Südhimmel.

D'Parabolantenn huet en Duerchmiesser vu 50 Meter, eng Fläch vun 2000 Quadratmeter a besteet aus 187 grousse Reflekteren. Si weit 2.500 Tonnen a rout op engem 540 Kubikmeter grousse Bëtongssockel. Käschtepunkt waren 115 Milliounen US-Dollar respektiv iwwer 90 Milliounen Euro. Den Entworf vum Teleskop staamt vun der MT Aerospace AG zu Mainz, haaptsächlech vum däitschen Ingenieur Hans Kärcher. Den LMT gëtt vum mexikaneschen Instituto Nacional de Astrofísica, Óptica y Electrónica an der US-amerikanescher University of Massachusetts bedriwwen.

No der Bauzäit zanter 1997 ginn no der Aweiung an offizieller Ouverture nach knapps zwee weider Joer gebraucht, fir d'Deelreflekteren ze positionéieren, ze justéieren an nozebesseren. D'Haaptaufgab ass zanter 2008 d'Erfuerschung vun der Genesis vu groussraimege Strukture kuerz nom Urknall, vun Infraroutgalaxien am fréien Universum a vu Stäregebuertsgebidder. Déi vill Asazméiglechkeeten hunn ënner anerem d'Ënnersich vun der Zesummesetzung vu Koméiten an der Atmosphär vu Planéiten zum Zil.

Um Spaweck änneren

Commons: Large Millimeter Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie