Lannen zu Bëttel

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Lannen zu Bëttel sinn e Grupp vu véier Sëlwerlannen (Tilia tomentosa, (fr)tilleul argenté, (de)Silber-Linde) déi zu Bëttel an der Gemeng Tandel stinn an déi zënter 2002 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren.

Lannen zu Bëttel
D'Lannen am Februar 2024
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Tandel
Plaz Bëttel
Adress Gare vu Bëttel
Koordinaten 49°55'10,49"N, 6°13'21,00"O
Bamaart Sëlwerlann
Héicht 22,3 m (2023)
Duerchmiesser 1,34 m (2023)
Ëmfang 4,21 m (2023)
Lannen zu Bëttel (Lëtzebuerg)
Lannen zu Bëttel
Lannen zu Bëttel
Lag vun de bemierkenswäerte Beem

Lokalisatioun änneren

D'Beem stinn zu Bëttel am Kierfechtswee, bei der fréierer Gare, op der Vëlospist vun den dräi Flëss (PC3) resp. dem Our-Wanderpad.

Geschicht änneren

D'Beem stinn do wou sengerzäit, tëscht 1899 an 1948 de „Benni“ gehalen huet, deen Zuch, deen tëscht Dikrech a Veianen hin- an hiergefuer ass. D'Lanne goufen zu ënnerschiddlechen Zäiten als Koppel gesat an hir Kroune konnte sech net harmonesch zu alle Säiten hin entwéckelen.

Entwécklung änneren

Ongeféier Moosse vum Bam[1] (m)
Joer      
2000 3,90 1,24 28,00
2023 4,21 1,34 22,30

Biller änneren

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lannen zu Bëttel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. bei engem Grupp vu Beem sinn d'Moosse vun deem décksten / héchsten uginn
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur