Lann zu Klengbetten

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Lann zu Klengbetten ass eng Lann (Tilia, (fr) tilleul, (de) Linde) déi zu Klengbetten an der Gemeng Stengefort steet an déi zënter 2002 wéinst hirer imposanter Erscheinung zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.

Lann zu Klengbetten
D'Lann zu Klengbetten an der Kolerstrooss, Richtung Koler gekuckt (Juni 2008)
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Stengefort
Plaz Klengbetten
Adress rue de Kahler
Koordinaten 49°38'22,20"N, 5°54'58,00"O
Héicht 19 m (2002)
Duerchmiesser 0,90 m (2002)
Ëmfang 2,82 m (2002)
Lann zu Klengbetten (Lëtzebuerg)
Lann zu Klengbetten
Lann zu Klengbetten
Lag vum bemierkenswäerte Bam

Et ass net gewosst op dëse Bam eng Summer- (Tilia platyphyllos) oder Wanterlann (Tilia cordata) ass, an och de geneeën Alter ass net bekannt.

Lokalisatioun änneren

De Bam steet uewen an der Koler Strooss (rue de Kahler) zu Klengbetten, an der Kadastersektioun Klengbetten vun der Gemeng Stengefort. Se steet op engem privaten Terrain tëscht zwéi Wunnhaiser.

Entwécklung änneren

Vun dësem Bam, deen 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gesat gouf, gëtt et bis haut (2024) keng op Pabeier verëffentlecht Beschreiwung a Foto.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [1]    
2000 2,82 0,90 19,00

  = Ëmfang;   = Duerchmiesser;   = Héicht

Biller änneren

Kuckt och änneren

  • Déi dräi déckst Lannen zu Lëtzebuerg:
Wëll Lann vu Kënzeg
Lann zu Pëtschent
Lann zu Suessem

Quellen änneren

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. Lëscht S. 241; keen Text an och keng Foto vun dësem Bam heiran).

Um Spaweck änneren

Commons: Lann zu Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. op Broschthéicht gemooss
  • Quell vum Artikel wou net anescht uginn: (Les) Arbres remarquables… an der Literatur