De Lambert Joseph Piedboeuf, gebuer den 3. Februar 1863 zu Oochen, a gestuerwen den 29. November 1950 zu Bad Reichenhall, war en däitsche Sculpteur, dee bal nëmme reliéis Sujeten realiséiert huet.

Lambert Piedboeuf
Gebuer 3. Februar 1863
Oochen
Gestuerwen 1950
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Sculpteur

Liewen änneren

De Lambert Piedboeuf, Bouf vum Polsterer Hippolyt Piedboeuf a senger Fra Carolina Elisabeth Linden, war Schüler vum Oochener Sculpteur Gottfried Götting (1830–1879), huet dono ee Joer bei der Kölner Dombauhütte geschafft a war da Stagiaire beim Oochener Sculpteur Johann Lorenz Opree (1846–1900). Ëm 1887 huet hie sech selbstänneg gemaach. Doriwwer eraus huet hien op der Kunstgewerbeschule Aachen enseignéiert.

A senger Fräizäit war hie Member vum Veräin Öcher Platt e. V. an huet sech och soss fir deen Dialekt agesat. A senger

Wierker änneren

 
Kalvariebierg (1895), St. Nikolaus, Oochen
 
Graf Mehmel Brandt, Hamburg-Ohlsdorf
  • Oochen: Kalvariebierg, Kierch St. Nikolaus; eng Pietà, Kierch St. Elisabeth; Madonna mam Kand a Christusfigur an der Herz-Jesu-Kirche, Grafmonumenter fir d'Paschtéier vu St. Paul an d'Famill Heinen am Oochener Campo Santo um Westfriedhof II: Skulpturen an der Heilig-Kreuz-Kirche an aacht Statue vun däitsche Keeseren op der Fassad vum Oochener Stadhaus-
  • Alsdorf: Mariesail, 1905
  • Moresnet-Chapelle: Dräi Figure fir d'Kräizegungszeen um Kalvariebierg
  • Simpelveld, Statu vum Hl. Alfons vu Ligouri am Generalmutterhaus vun de Schwëstern vum aarme Kand Jesus
  • St. Wendel, Héichaltor an der Wendalinusbasilika, 1896
  • Würselen, Pietà an der St.-Sebastian-Kierch, 1927
  • Euchen (Würselen), Häerzjesufigur, Relief fir Griewer vu Paschtéier a Relieffer fir en Altor an der Kierch St. Willibrord, 1916

Weider Wierker sinn zu Mönchengladbach (Krichsmonument 1870/71), Kempen a Viersen, ma och zu San Antonio, Texas (1930). Seng Grafskulpturen sinn uechter ganz Däitschland ze fannen.

zu Lëtzebuerg änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Lambert Piedboeuf – Biller, Videoen oder Audiodateien