Lambda resp. L (no der jeeweileger Schrëft vum 11. griichesche Buschstaaf λ) ass den Numm vun enger japanescher Rakéiteserie. Et goufen d'Héichtefuerschungsrakéiten Lambda 2, LS-A, LSC-3, Lambda 3, LS-C an d'Satellitten-Drorakéit Lambda 4 realiséiert. D'Commande koum vun der Universitéit Tokio, Institute of Space and Aeronautical Sciences (ISAS) aus, a war fir den netkommerzielle Raumfaartprogramm vu Japan.

Lambda 4S
D'Rakéit Lambda 4S

Bei der Lambda goufen nëmme Feststoffrakéitestufe gebraucht déi vun der Nissan Motor Co. gebaut goufen. Virdru ware Versich mat der Baurei K (wéi Kappa) gemaach ginn. Se goufen duerno am Mu-Programm weiderentwéckelt. Mat enger Lambda 4 gouf den 11. Februar 1970 op der Startplaz vum Uchinoura Space Center deen éischte japanesche Satellit, den Ōsumi, gestart.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Lambda Rocket – Biller, Videoen oder Audiodateien