Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Laguioles-Messeren. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Laguiole.

Laguiole ass e Messertyp, deen zu Laguiole an zu Thiers hiergestallt gëtt.

E Laguioles Messer

D'Originnen änneren

1829 huet den deemolejen Duerfschmatt vu Laguiole en neit Messer fabrizéiert. Et war eng Mëschung tëscht dem capuchadou, dem traditionelle Messer vun de Baueren aus dem Aubrac an dem navaja, dem Messer, dat d'Saisonsaarbechter aus Katalounien matbruecht hunn.

Seng Charakteristike sinn de speziell geschwongene Grëff an déi kleng Bei, déi uewen um Grëff direkt bei der Kléng sëtzt. De Grëff kann aus verschiddene Materialie bestoen. Fréier sinn d'Messeren ausschliisslech aus der Spëtzt vu Kouharen oder aus Olivenholz gemaach ginn. Haut ginn och aner Materialer gebraucht (bei de Couvertsmesseren dacks Inox). D'Messer ass ursprénglech e Klappmesser fir op d'Juegd oder einfach ënnerwee.

Hautdesdaags gëtt et awer och gär an enger fester Form (kann net zesummegeklappt ginn) als Läffelsgeschier verkaaft. Aner Variatiounen hunn och zousätzlech en Tirbouchon. Ënner Wäikennere sinn och d'Sommelier an der Form vun engem Laguiole Messer beléift. Si hunn allerdéngs keng Kleng.

Ee gudde Rot: Wann der e Messer mat Holz oder Kouhar hutt, loosst et ni am Waasser leien, soss beschiedegt der de Grëff, dee léisst sech allerdéngs bei engem Original flécke well een déi Placken ersetze kann.

 
D'Bei op engem Laguiole Messer

Fir ze liesen änneren

  • Daniel Crozes: Le Laguiole, éloge du couteau, éd. du Rouergue, 2005.

Um Spaweck änneren

Commons: Laguiole Messeren – Biller, Videoen oder Audiodateien