Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Kéis Laguiole. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Laguiole.

De Laguiole-Kéis (so: " Laïole ") huet säin Numm vum Duerf Laguiole um Plato vun Aubrac.

Laguiole

D'Fudder dat d'Kéi do op de Wise fanne besteet aus ganz ville Planzenzorten déi dozou och nach zum Deel ganz staark parfuméiert sinn. Doduerch kritt d'Mëllech an och de Kéis eng extra gutt Qualitéit an ee ganz spezielle Geschmaach.

De Kéis ass anscheinend fir d'éischt am XI. Joerhonnert an engem Klouschter am Aubrac gemaach ginn, an d'Pateren hätten d'Rezept un déi kleng Baueren aus der Géigend weiderginn.

De Laguiole-Kéis ass ee sougenannten netgekachten oder réie Kéis deen aus décker Mëllech gemaach gëtt, mat engem Fettgehalt vu 45 %. Duerch den Zousaz vu Lab deckt d'Mëllech an. Wa se déck genuch ass gëtt se zweemol gepresst fir de Wässech erauszekréien. Duerno gëtt de Kéis tëscht véier an zéng Méint zeideg gi gelooss. Den Affinage gëtt bei enger Temperatur vu 14 °C gemaach.

Säi Markenzeechen ass ee Stéier op senger Kuuscht, den Numm Laguiole deen dragedreckt ass, an eng dënn Aluminumsplack fir ëm seng Identitéit ze ginn.

En huet eng deck natierlech Kuuscht an et ass ee mëllen awer feste Kéis. An der Faarf ass e stréigiel an am Geschmaach ass e sämeg bis fetteg.

Seng AOC huet en zanter dem 21. Dezember 1961. Duerch d'AOC gëtt ënner anerem festgeluecht datt dee Kéis nëmmen däerf mat Mëllech gemaach ginn déi vum Territoire vun de Gemenge vum Aubrac kënnt. En däerf och nëmme vu Kéi komme vun de Rasse Franséisch Simmenthal an Aubrac déi tëscht dem 25. Mee an dem 30. Oktober gestrach ginn, an déi mussen op enger Héicht vun iwwer 800 Meter weeden. Zanter 1981 sinn an der Regioun vum Laguiole hollännesch Kéi agefouert ginn, deenen hir Mëllech manner Proteinnen huet wéi déi ursprénglech Kéi. D'Qualitéit vum Kéis huet an deene Joren duerno ganz vill gelidden. De Problem ass geléist ginn andeems Schwäizer Kéi agefouert goufen. Si kënne 5000 Liter Mëllech pro Joer liwweren ouni datt de Proteingehalt vun 32 % ännert.

Den Dekreet iwwer d'Appellation contrôlée huet déi Rassen awer och nëmme bis den 31. Dezember 2003 erlaabt.

E gëtt an dräi Departementer fabrizéiert: am Aveyron, am Cantal an an der Lozère. Et sinn am Ganze 47 Uertschaften déi zesumme 765 (1997) Tonne Kéis fabrizéieren.

Rotschlo fir Kéisgenéisser: Bei dëse Kéis passt ee fruuchtege Roude wéi z. B. de Marhillac, e Cahorswäin oder e Côtes du Frontonnais.

Opgepasst: Um Plateau de l'Aubrac gëtt nach e Laguiole mat réier Mëllech gemaach. Dëse gëtt un anungslos Touristen als den echte Laguiole verkaaft ouni datt hien déi 4 Méint geräift ass wéi et am Reglement vum AOC virgeschriwwen ass.

Literatur änneren

Encyclopédie des Fromages, Librairie Gründ, Paris, 1997, ISBN 2-7000-2027-8, Buch iwwer e groussen Deel vun de franséische Kéisen.

Um Spaweck änneren

Commons: Laguiole (Kéis) – Biller, Videoen oder Audiodateien