La(e)ken ass e Quartier vun der Stad Bréissel, dee virun der Fusioun mat Bréissel bis 1921 eng eegestänneg Gemeng war.

Laeken / Laken
D'Schlass vu Laeken
Land Belsch
Regioun Haaptstadregioun Bréissel
Communautéit Franséisch Communautéit
Flämesch Communautéit
Provënz  
Arrondissement Bruxelles-Capitale
Gemeng Bréissel
Fläch 925
Koordinaten 50° 52’ 40’’ N
      04° 21’ 21’’ O
Telefonszon 02
Postcode 1020
De japaneschen Tuerm, am Parc royal
Palais des expositions
D'Zäre vum Kinnekleche Park (Alphonse Balat - 1874-1890)
Metalle Konstruktioun vun enger vun den Zären

Zu Laeken sinn ë. a. d'Schlass Laeken, de Wunnsëtz vum Kinnek (och Schlass Schoonenberg genannt; 1784 als Residenz vun de Genralgouverneure vun den Nidderlande gebaut), d'Kinneklech Zären (gebaut 1873) an d'Kierch Notre-Dame vu Laeken (an där hirer Krypta déi belsch Kinneke begruewe ginn). Och d'Musées d'Extrême-Orient sinn do.

Um Territoire vu Laeke läit den Heysel-Plateau, wou 1935 an 1958 d'Weltausstellung war, a wou haut nieft enger grousser Foires-Hal ë. a. de Stade Roi-Baudouin (fréier: Heysel-Stadion), den Atomium an e Fräizäitpark mat notamment dem Multiplex-Kino Kinepolis a Mini-Europe (a reduzéiertem Moossstaf nogebaut Gebaier aus Europa), sinn.

De 14.-15. Dezember 2001 gouf do en europäesche Sommet ofgehalen, op deem ë. a. d'Deklaratioun vu Laeken decidéiert gouf.

Literatur änneren

  • Pierre Van Nieuwenhuysen, Historische Toponymie van Laken, Éditions Safran, Bruxelles, 2009, 600 p., illustrations et plans de grand format [1]