De Laacher Séi, am Landkrees Ahrweiler, ass mat ronn 3,31 km² de gréisste Séi a Rheinland-Pfalz. E läit an der Äifel am Norde vu Mendig net wäit vu Koblenz a Mayen.

Laacher Séi
Verwaltung
Land Däitschland
Géigend Vulkaneifel
Verwaltungseenheet Glees
Länner um Uwänner Däitschland
Geographie
Koordinaten 50° 24’ 37’’ N
      07° 16’ 11’’ O
Fläch 3,33 km²
Déift (Maximum) 51 m
Déift (Moyenne) 31 m
Héicht. i. M. 275 m
Hydrographie
Baseng 12,20 km²
Zoufloss Quellen am Séi
Ausfloss Delius-Stollen

"Laacher Séi" ass eigentlech e Pleonasmus well d'Wuert Laach vum laténgesche Wuert lacus - Séi kënnt.

De Laacher Séi ass dat gréisst Äifelmaar.

En ass wéi all déi aner Äifelmaaren am Explosiounskrater vun engem Vulkan entstanen an ass haaptsächlech mat Grondwaasser gefëllt. U sengen Uwänner gesäit een nach Gasblosen eropkommen, wat op déi nach ëmmer vulkanesch Aktivitéit an der Regioun Vulkanpark hiweist.

De leschten Ausbroch vun deem Vulkan, souwäit wéi d'Spuere nach net vun der Erosioun verwëscht goufen, kann op ongeféier bis virun 11.200 an 12.900 Joer zeréckdatéiert ginn. Bei der Explosioun goufe riseg Quantitéite Bimssteen erausgeschleidert, déi d'Géigend bis an de Mëttelrhäin bis zu 7 m zougedeckt hunn. Oflagerunge vun der Explosioun sinn haut nach bis a Schweden als dënne Bims-Horizont erëmzefannen. Déi Sedimenter hëllefen de Geologe bäi der Datéierung.

D'Explosioun vum Vulkan gëtt fofzeg mol méi staark ageschat wéi de groussen Ausbroch vum Mount St. Helens. De Séi huet eng oval Form, Waasserdéift ass 53 m a seng Uwänner sinn an der Moyenne 125 m héich. E fëllt sech haaptsächlech mat Grondwaasser an huet keen natierlechen Ofloss. De Waasserniveau huet fréier bis zu 15 m variéiert, wat d'Landwirtschaft op den Uwänner zimmlech schwéier gemaach huet. Dofir gouf géint 1164 den 880 m laange Fulbert-Stollen als Iwwerlaf gebaut. Vun 1840 - 1842 huet d'Famill Delius (deemools Proprietär vum säkulariséierte Klouschter a vum Séi nach en Tunnel gebaut, fir de Waasserniveau nach 10 m méi déif ze kréien, fir Akerland ze gewannen.

De Séi a seng Ëmgéigend goufen de 26. Juni 1935 zum Naturschutzgebiet Laacher Seeerkläert.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Laacher Séi – Biller, Videoen oder Audiodateien
 
Laacher Séi mat der Benediktinerabtei Maria Laach

.