La Palma, eigentlech 'San Miguel de la Palma', ass eng vun de siwen Haaptinsele vun de Kanaren a Spuenien. Si läit nordwestlech an ass déi fënneftgréisst vun de Kanareschen Inselen.

Lag vu La Palma

Geographie änneren

La Palma läit am Atlantik a gehéiert zu der Provënz Santa Cruz de Tenerife. D'Haaptstad ass Santa Cruz de la Palma.

Si huet eng Fläch vu 708,32 km², dat sinn 9,45 % vum Kanareschen Territoire. D'Längt läit bei 42 Kilometer an d'Breet bei 28 Kilometer.

Andeelungen änneren

La Palma ass a 14 Gemengen agedeelt:

Geologie änneren

La Palma ass, geneesou wéi déi aner Kanaresch Inselen, vum Urspronk aus eng Vulkaninsel. De geologeschen Alter vun der Insel gëtt op 2 Millioune Joer geschat. Et ass eng vun de jéngsten Insele vun de Kanaren. Vum Buedem vum Mier, deen op 4000 Meter Déift ass, erhieft sech d'Insel op bal 6.500 Meter. Si besteet praktesch ganz aus vulkanesche Steng.

Eruptiounen änneren

Historesch festgehalen Eruptioune sinn:

Demographie änneren

D'Awunnerzuel beleeft sech op 85.933 (INE 2007).

Um Spaweck änneren

Commons: La Palma – Biller, Videoen oder Audiodateien