De Large Sky Area Multi-Object Fibre Spectroscopic Telescope (LAMOST) vum Observatoire Xinglong Station ass dat gréisst chineesescht optescht Teleskop. Käschtepunkt ronn 30 Milliounen US-Dollar. Et gouf am Juni 2007 a Betrib geholl.

LAMOST

Dësen neiaartegen, fir Spektroskopie optiméierte Spigelteleskop huet en effektiven Haaptspigelduerchmiesser vu ronn 4 m. En huet d'Méiglechkeet, bis zu 4000 Objeten a sengem Siichtfeld vu 5° gläichzäiteg spektroskopesch ze vermoossen, andeems deenen hiert Liicht iwwer Liichtwelleleeder vun der Bildfläch op e Spektrometer gefouert gëtt.

Seng Optik baséiert op där vun engem Schmidt-Teleskop, bei där de Korrekter als schréie Spigel ausgefouert ass. Dësen ass dréibar a ka sou op déi gewënscht Himmelsregioun ausgeriicht ginn. De Korrekter besteet aus 24 sechseckege Spigelsegmenter mat engem Duerchmiesser vu jee 110 cm mat enger aktiver Optik. De sphäreschen Haaptspigel ass aus 46 Segmenter opgebaut.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren