Eng Lüsterklemm ass e klengt Verbindungselement dat dozou déngt zwou oder méi elektresch Litze mateneen ze verbannen. Den Numm kënnt dohier well se haaptsächlech beim Montéiere vu Lüsteren oder aner Luuchten um Plaffong oder enger Mauer gebraucht ginn.

Eng montéiert Lüsterklemm

D'Lüsterklemm besteet aus zwéin Haaptdeeler:

  • een Deel deen aus engem Material besteet dat Stroum leede kann, meeschtens Messeng.
  • doronderëm e Material dat isoléiert, e Konschtstoff oder Keramik.

Den Deel dee Stroum leede kann huet d'Form vun engem klenge Rouer, an deen op den zwou oppene Säiten d'elektresch Litzen déi op engem klenge Stéck ofgemantelt goufen, dragestach kënne ginn.

Dës Litze ginn da mat Klemmschrauwen, déi an engem Wénkel vu 90° zu der Längsrichtung vum Rouer mat agebaut sinn, festgeschrauft an doduerch widder d'Material dat de Stroum leet gepresst.

Bei Luuchten déi vill Hëtzt ofgi muss en oppassen datt d'Lüsterklemmen aus engem hëtzresistente Material sinn, well se soss kënne schmëlzen an d'Isoléierung net méi garantéiert ass. Dëst kann zu elektresche Pannen duerch Kuerzschloss féieren.

Et gëtt och Lüsterklemmen déi en automatesche Fiederklemmsystem hunn.

Um Spaweck änneren

Commons: Lüsterklemmen – Biller, Videoen oder Audiodateien