Lëtzebuerger Theaterpräisser

Serie vu véier Theaterpräisser zu Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Theaterpräisser ass eng Serie vu véier Theaterpräisser déi 2021 zu Lëtzebuerg vum Kulturministère an d'Liewe geruff goufen an déi all zwee Joer vergi ginn. D'Kreatioun vun de Präisser geet op eng laangjäreg Fuerderung vum Theatersecteur zeréck, dee sech fir eng Opwäertung vun den Theaterberuffer duerch eng méi grouss ëffentlech Unerkennung asetzt[1].

Jury änneren

2021 änneren

D'Jury vun der éischter Editioun vun den Theaterpräisser huet sech aus follgende Persounen zesummegesat, déi vum Kulturministère nominéiert goufen: Vesna Andonovic (Kritikerin), Nickel Bösenberg (Acteur), Josée Hansen (Kulturministère), Claude Mangen (President vun der Theater Federatioun) a Sarah Rock (Dramaturg). E gouf an enger gemeinsamer Zeremonie mam Lëtzebuerger Danzpräis de 17. September 2021 am Kapuzinertheater verdeelt.[2]

Kategorien änneren

Nationalen Theaterpräis änneren

Den nationalen Theaterpräis ass mat 10.000 Euro dotéiert.

Joer Laureat(en) Bemierkung
2021 Frank Feitler Dramaturg, Theaterregisseur an –direkter

Op der Bün änneren

Den Theaterpräis Op der Bün ass mat 4.500 Euro dotéiert.

Joer Laureat(en) Bemierkung
2021 Marie Jung, François Camus Schauspillerduo fir La Peste

Hannert der Bün änneren

Den Theaterpräis Hannert der Bün ass mat 4.500 Euro dotéiert.

Joer Laureat(en) Bemierkung
2021 Anouk Schiltz Zeenographin a Costumedesignerin

Nowuesstalent änneren

Den Theaterpräis Nowuesstalent ass mat 3.500 Euro dotéiert.

Joer Laureat(en) Bemierkung
2021 Catherine Elsen Rollendesignerin an Actrice

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Remise des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2021. gouvernement.lu (2021-09-18). Gekuckt de(n) 2021-09-28.
  2. lequotidien.lu: Découvrez le palmarès des Lëtzebuerger Theaterpräisser et du Lëtzebuerger Danzpräis 2021 (19. September 2021)