Lëscht vun de Presidente vu Guinea-Bissau

Wikimedia-Lëschtenartikel

Des Lëscht vun de Presidenten a Staatschefe vu Guinea-Bissau ass en Deel vun de Referenztabellen.

Period Portrait Numm Affiliatioun Remarken
Staat Guinea-Bissau Unilateral Onofhängegkeetserklärung vu Portugal
24. September 1973 -
10. September 1974
Luís Cabral, President vum Staatsrot PAIGC Am Exil zu Conakry a Guinea
Staat Guinea-Bissau Onofhängegkeet vu Portugal unerkannt
10. September 1974 -
13. Mäerz 1977
Luís Cabral, President vum Staatsrot PAIGC Ass den 19. Oktober 1974 zu Bissau ukomm
Republik Guinea-Bissau (República da Guiné-Bissau)
13. Mäerz 1977 -
14. November 1980
Luís Cabral, President vum Staatsrot PAIGC Gouf an engem Staatsstreech ofgesat
14. November 1980 -
14. Mee 1984
João Bernardo Vieira, President vum Revolutiounsrot PAIGC/Militär Éischt Mandat
14. Mee 1984 -
16. Mee 1984
Carmen Pereira, President vun der Republik (Interim) PAIGC Éischt Presidentin an Afrika
16. Mee 1984 -
29. September 1994
João Bernardo Vieira, President vum Staatsrot PAIGC Zweet Mandat; ass wärend dem Biergerkrich a Guinea-Bissau ofgesat ginn
29. September 1994 -
7. Mee 1999
João Bernardo Vieira, President vun der Republik
7. Mee 1999 -
14. Mee 1999
Ansumane Mané, President vum Conseil militaire Militär  
14. Mee 1999 -
17. Februar 2000
Malam Bacai Sanhá, President vun der Republik (Interim) PAIGC Éischt Mandat
17. Februar 2000 -
14. September 2003
Kumba Ialá, President vun der Republik PRS Gouf an engem Staatsstreech ofgesat
14. September 2003 -
28. September 2003
Veríssimo Correia Seabra, President vum Militärcomité fir de Retablissement vun der konstitutionneler an demokratescher Uerdnung Militär  
28. September 2003 -
1. Oktober 2005
Henrique Rosa, President vun der Republik (Interim) o-p  
1. Oktober 2005 -
2. Mäerz 2009
João Bernardo Vieira, President vun der Republik o-p Drëtt Mandat; gouf ëmbruecht
3. Mäerz 2009 -
8. September 2009
Raimundo Pereira, President vun der Republik (Interim) PAIGC Éischt Mandat
8. September 2009 -
9. Januar 2012
Malam Bacai Sanhá, President vun der Republik PAIGC Zweet Mandat; ass en natierlechen Doud am Amt gestuerwen
9. Januar 2012 -
12. Abrëll 2012
Raimundo Pereira, President vun der Republik (Interim) PAIGC Zweet Mandat; gouf an engem Staatsstreech ofgesat
12. Abrëll 2012 -
11. Mee 2012
Mamadu Ture Kuruma, President vum Militärkommando Militär
11. Mee 2012 -
23. Juni 2014
Manuel Serifo Nhamadjo, President vun der Republik (Interim) o-p
23. Juni 2014 — 27. Februar 2020 José Mário Vaz, President vun der Republik PAIGC
27. Februar 2020 — Umaro Sissoco Embaló, President vun der Republik Madem G15

Affiliatiounen änneren

PAIGC Partido Africano da Independência da Guiné e Cabo Verde
(Afrikanesch Partei fir d'Onoghängegkeet vu Guinea an dem Cap Vert)   marxistesch, eenzeg legal Partei tëscht 1974 an 1991, bis 1980 fir d'Unioun mam Cap Vert
PRS Partido para a Renovação Social
(Partei fir sozial Ernéierung)   progressiv
Militär Militär vu Guinea-Bissau
on-p onparteiesch
edit this box