Lénksblock (Bloc des gauches) ass zu Lëtzebuerg am Ufank vum 20. Joerhonnert e politescht "Zweckbëndnes" an der Chamber genannt ginn, dat sech 1908 forméiert huet, a sech aus der Liberaler Liga an der Sozialdemokratescher Partei zesummegesat huet.

Säin Zil war et, den Afloss vun der Kierch am ëffentleche Liewen, besonnesch an der Schoul, ze bekämpfen. E konnt sech dann och géint de "Rietsblock" (déi spéider Rietspartei) duerchsetzen, andeems d'Deputéiert vun dësen zwou Parteien d'Schoulgesetz vun 1912 gestëmmt hunn.

Nodeem dat gemeinsaamt Zil erreecht war, sinn déi zwou Parteie geschwënn nees getrennt Weeër gaangen, wat ë. a. domat zesummenhoung, datt déi liberal (also éischter Patronat-frëndlech) a sozialistesch Iddie schlecht ënner een Hutt gepasst hunn.