De Léiw vun Nemea war an der griichescher Mythologie en onverwondbare Léiw.

Den Herakles mam Léiw vun Nemea. Attesch Vas, zirka 520-500 v. Chr., fonnt zu Vulci.

Déi éischt vun den 12 Aufgaben, déi de Kinnek Eurystheus de Herakles ugestallt hat, war fir him de Pelz vum Léiw op Mykene ze bréngen.

De Léiw vun Nemea war d'Kand vun der Chimaira an dem Hond Orthos. De Bierg Treto tëscht Mykene an Nemea war säin Oppenhaltsuert, an an där Géigend huet hien och säin Onwiesen a seng Juegde gedriwwen. Duerch seng Onverwondbarkeet war et fir den Herakles besonnesch schwéier seng Aufgab z'erfëllen, seng Feiler hunn de Léiw net blesséiert, a seng Keul ass einfach un him zerbrach. Doropshin huet den Herakles de Léiw erwiergt, an him mat sengen eegene Krallen d'Haut afgezunn. De Pelz, dee säi Besëtzer onverwonnbar sollt maachen, huet den Herakles bei de Kinnek Eurystheus bruecht. Wéi deen den Herakles gesinn huet, huet hie sech aus Angst virun him an engem Faass verstoppt.

Um Spaweck änneren

Commons: Nemean Lion – Biller, Videoen oder Audiodateien