D'Kurhaus zu Baden-Baden ass Treffpunkt fir Touristen, Nuetseilen, Kurgäscht, Geschäftsleit a Glécksspiller. Et gouf am 19. Joerhonnert vum Karlsruher Baumeeschter Friedrich Weinbrenner am klassistesche Stil entworf.

Kurhaus zu Baden-Baden

D'Gebai besteet aus dräi Deeler a läit direkt nieft dem Kurgaart.

De Casino, ass ee vun de schéinsten a beléiftsten aus Däitschland. 1809 goufen déi éischt offiziell Casinoen zu Baden-Baden am Konversatiounshaus an am Promenadenhaus (haitegt Kurhaus) opgemaach. 1824 gouf dunn d'Kurhaus vum Weinbrenner gebaut. 1855 gouf de Casino vu franséische Kënschtler a Bannenarchitekten an eng fantastesch Spillhal am Stil vun de franséische Kinneksschlässer aus dem 17. Joerhonnert, mat ville verschiddene Säll (Salon Pompadour, roude Sall, Wantergaart, florentinesche Sall) ëmgebaut.

Um Spaweck änneren

Commons: Kurhaus Baden-Baden – Biller, Videoen oder Audiodateien