Kunigunde vu Lëtzebuerg

Hl. Kunigunde
Kunigunde vu Lëtzebuerg
ëm 9803. Mäerz 1033 (oder: 1039)
Detailer
Beatifikatioun ?
Kanonisatioun 29. Mäerz 1200
Ënner dem Poopst Innozenz III.
Gedenkdag 3. Mäerz

D'Kunigunde vu Lëtzebuerg (och Helleg Kunigunde; * 978 als 6. vun 11 Kanner, † 3. Mäerz 1033 oder 1039 zu Kaufungen) war d'Duechter vum Grof Siegfried I. vu Lëtzebuerg a Fra vum däitsche Keeser Heinrich II., genannt den Hellegen oder de Schlammen, e Koseng vum Keeser Otto III..

Den Heinrich II. mat der Kunigunde

998 gëtt si mam Heinrich II. bestuet. Als Houchzäitscadeau kritt si d'Stad Bamberg geschenkt.

1002, zwéi Méint nodeem hire Mann zum Kinnek gewielt gouf, gëtt d'Kunigunde zu Paderborn vum Äerzbëschof Willigis zur Kinnigin gekréint.

1007 grënnt den Heinrich II. de Bistum Bamberg. Dorophin huet d'Kunigunde op Bamberg verzicht an deem neie Bistum d'Stad geschenkt. Si huet sech awer weiderhi staark fir Bamberg agesat. Op hir Initiativ goufen de Bamberger Doum, d'Stephanskierch an d'Klouschter Sankt Michael gebaut.

1008 kritt si, als Ausgläich, de Kinnekshaff Kassel. No bei Kassel huet si dunn d'Benediktinerabtei Kaufungen baue gelooss.

14. Februar 1014: Den Heinrich gëtt zu Roum vum Poopst Benedikt VIII. zum Keeser gekréint an d'Kunigunde gëtt imperatrix augusta, consors regni.

1025, ee Joer nom Doud vun hirem Mann, huet si sech an d'Klouschter Kaufungen als einfach Nonn zeréckgezunn. Do ass se 1033 (oder 1039) gestuerwen, a gouf an der Kathedral vu Bamberg, nieft hirem Mann, begruewen.

De Prozess vun der Kanonisatioun ass schonn zur Zäit vum Poopst Coelestin III. (1191-1198) ageleet ginn, mä si sollt eréischt den 29. Mäerz 1200 vum Poopst Innozenz III. helleggesprach ginn.

Si gëllt als d'Patréinesch vun de Kanner a vun de schwangere Fraen.

Hiert Fest ass den 3. Mäerz.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kunigunde vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien