Kuiper Airborne Observatoire

D'Kuiper Airborne Observatory (KAO) ass een nom Gerard Peter Kuiper genannte Cassegrain-Teleskop mat 91,5 Zentimeter Spigelduerchmiesser, dat an engem ëmgebaute Militärtransporter vum Typ Lockheed C-141 ënnerbruecht ass. Et gouf vun 1974 bis 1995 vun der NASA haaptsächlech fir d'Infraroutastronomie agesat. Mat dem KAO goufen ënner anerem den 10. Mäerz 1977 bei der Bedeckung vum Stär SAO142857 duerch de Planéit Uranus d'Uranusréng entdeckt.

Kuiper Airborne Observatory vun der NASA

D'Iddi, en Infraroutteleskop u Bord vun engem Fliger z'installéieren, geet op de G. Kuiper zeréck. Fir d'éischt gouf dat an den 1960er Jore realiséiert, wéi mat engem klengen Infraroutteleskop duerch eng Fënster vum NASA-Fuerschungsfliger Galileo astronomesch Observatioune gemaach goufen.

Direkte Virgänger vum KAO war de Lear Jet Observatory (LJO) deen 1967 a Betrib gesat gouf. Dobäi handelt et sech ëm e Fliger vum Typ Learjet, bei deem eng Kabinefënster erausgeholl an duerch eng Ëffnung fir en Infraroutteleskop mat 30 Zentimeter Spigelduerchmiesser ersat gouf.

De Kuiper Airborne Observatory gouf 1995 ausser Déngscht gestallt a soll vum SOFIA ofgeléist ginn, bei deem d'Entwécklung bis an d'Joer 2010 dauere wäert.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Commons: Kuiper Airborne Observatory – Biller, Videoen oder Audiodateien