Kubikmeter

Moosseenheet fir de Volumen

De Kubikmeter ass d'Moosseenheet fir de Volumen am Internationalen Eenheetesystem[1].

  • Eenheetenzeechen: m3
  • Formelzeeche vum Volumen: V

Ee Kubikmeter oder 'Meter héich 3' (och Meterkibb genannt) entsprécht dem Volume vun engem Wierfel mat 1 Meter Kantelängt.

1 Kubikmeter sinn 1 000 Kubikdezimeter (also och 1 000 000 Kubikzentimeter) an zanter der 12. CGPM (Conférence Générale des Poids et Mesures) (1964) och genee 1 000 Liter. Ee Kubikmeter Waasser weit knapps 1 Tonn (t). Bei enger Temperatur vun 277,13 K (3,98 °C) an dem Standard-Loftdrock vun 101325 Pascal (1013,25 hPa = 101,325 kPa) sinn et 999,975 kg.

Falsch Bezeechnungen änneren

Nieft der Eenheet m³ fënnt een z. B. bei Architekten d'Ofkierzungen cbm oder CBM a Gebrauch.

Ofgeleet Moosseenheete vum Kubikmeter änneren

Wann een tëscht Kubik- a -meter en entspriechenden SI-Prefix setzt, kann een och aner Moosse fir de Volumen definéieren.

Moosseenheet Konversiounen
Kubikmillimeter (mm3) 1 mm³ = 10−6 l = 1 µl
Kubikzentimeter (cm3) 1 cm³ = 1 „ccm“ = 1 „cc“ = 0,001 l = 1 ml = 1*10−6
Kubikdezimeter (dm3) 1 dm³ = 1 l = 1 000 ml = 0,001 m³ = 1*10−3
Kubikdekameter (dam3) 1 dam3 = 1 000 m³ = 1 Millioun Liter
Kubikhektometer (hm3) 1 hm3 = 1*106 m³ = 1 Millioun m³
Kubikkilometer (km3) 1 km3 = 1*109 m³ = 1 Milliard m³

Referenzen änneren

  1. „SI–Broschüre“: „Das Internationale Einheitensystem” (Physikalisch-Technische Bundesanstalt: PTB-Mitteilungen 117 (2007), Heft 2)