Kristallsglasmanufaktur vu Saint-Louis-lès-Bitche

D'Kristallsglasmanufaktur vu Saint-Louis-lès-Bitche ass an der franséischer Gemeng Saint-Louis-lès-Bitche am Departement Moselle.

Saint-Louis-lès-Bitche am Joer 1836

Geschicht änneren

Eng éischt Glasmanufaktur gouf 1586 am Münzthal, dem Dall vun der Pateren, opgeriicht. Den Drëssegjärege Krich hat et mat sech bruecht, datt d'Pateren ee Joer virdrun hir Glasfabrick zu Holbach hu missen opginn.

De 17. Februar 1767 huet de Kinnek Louis XV. duerch en Arrêté vum Staatsrot duerch Patentbréiwer vum 4. Mäerz 1767 de Pateren erlaabt, déi al Manufaktur z'iwwerhuelen. An deem Ament waren zwéin Affekote vun der Cour souveraine de Lorraine et Barrois, de René-François Jolly an de Pierre-Étienne Ollivier Besëtzer. Déi nei Fabrick krut den Titel vun enger Verrerie royale s atoung ënner dem "Patronat" vum Hellege Louis als Erënnerung un de Louis IX.. D'Fabrick gouf 1767 d'Compagnie des Cristalleries de Saint Louis a koum an de Besëtz vun der Famill Lassalle, ier se 1788 un de Baron du Coëtlosquet verkaaft gouf.

Am Joer 1781 war d'Manufaktur déi éischt um Kontinent, déi Kristallsglas produzéiert huet. Déi Zäit hat England de Monopol zanter et 1627 zu Newcastle erfonnt gouf.

D'Cristallerie, déi haut nach produzéiert, gouf 1989 vun der bekannter Luxusfirma Hermès opkaaft.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren