Mat Kriminologie gëtt d'Wëssenschaft vum Verbrieche bezeechent. Haaptsächlech ginn d'Ursaachen an d'Erscheinungsforme vum Verbriechen ënnersicht.

Primäert Zil vun der Kriminologie ass et also, abstrakt (d. h. net op e bestëmmte Fall bezunnen) Erkenntnesser iwwer d'Ursaachen an déi verschidde Forme vun der Kriminalitéit ze gewannen. D'Kriminologie ëmfaasst besonnesch d'Kriminalitéitstheorien an de Beräich iwwer de Sënn vun der Strof fir e Verbriechen.

Et gëtt zwee verschidde Weeër, fir d'Ursaache vun de Verbriechen z'erfuerschen: De quantitativen an de qualitative Wee.

Wichteg Beräicher, déi mat der Kriminologie zesummenhänken, sinn d'Psychologie, d'Pedagogik, d'Soziologie an den Droit.

Beräicher änneren

Weider Beräicher, déi mat Kriminologie ze dinn hunn, sinn: