Krepp ass eng Zort Stoft, deen zimmlech labber gewieft ass, an eng gekrauselt Uewerfläch huet. Kreppe kënnen aus verschiddenen Zwiren hiergestallt ginn, wéi z. B. Seid oder Woll.

Bléck op e Kimono

De Seidekrepp gëtt aus lénks- a rietsgedréinten Zwiren hiergestallt. An der Kette leien ofwiesselnd riets- a lénksgedréinte Fiedem niefteneen. Am Schoss wiessele sech zwéi lénksgedréinte Fiedem mat zwéi rietsgedréint Fiedem of. Bei der Preparatioun gëtt d'Gewiefs mat waarmem Waasser fiicht gemaach, an da mat engem Kallefs- oder Séihondspelz dem laange Wee no gekämmt. Doduerch entstinn d'Krauselen.

De wëllene Krepp fir Fraen huet 31 Kettefiedem a 35 Schossfiedem um cm, an den Härekrepp fir Summergezei huet der 30 vun all Zort. Kreppe fir Miwwelen z'iwwerzéien hunn 20 Ketten- an 12 Schossfiedem.