Kore (Mound)

Jupitermound


De Kore (oder Jupiter XLIX) ass e klenge Mound vum Planéit Jupiter.

Kore
(Jupiter XLIX)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2003 J 14
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 24.543.000 km
Periapsis 16.567.000 km
Apoapsis 32.519.000 km
Exzentrizitéit 0,325
Ëmlafzäit 779,2 Deeg
Ëmlafvitess 2,23 km/s
Inklinatioun 145,0°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 2 km
Dicht ≈ 2,6 g/cm3
Gravitatioun
op der Uewerfläch
? m/s2
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 23,6
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 8. Februar 2003

Entdeckung änneren

De Kore gouf den 8. Februar 2003 vun Astronome vum astronomeschen Institut vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mound krut déi virleefeg Nummer S/2003 J 14 a gouf am Joer 2007 vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) op Kore (en Alternativnumm vun der Persephone ëmgenannt.

Bunndaten änneren

De Kore kreest op enger mëttlerer Distanz vu 24.543.000 km a 779,2 Deeg ëm de Jupiter. D'Ëmlafbunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,325. D'Bunnschréi ass 145,0° an d'Bunn ass retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

De Mound Kore gëtt zu der Pasiphae-Grupp gezielt.

Physikalesch Daten änneren

De Kore huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut an huet eng däischter Uewerfläch. Seng Albedo ass 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonnenliicht gi reflektéiert.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren