Koran

helleg Schrëft vum Islam

De Koran (arabesch: Liesung) ass déi helleg Schrëft vun de Moslemen.

Luxuseditioun vum Koran

De Koran gëllt am Islam als dat direkt, onverfälscht an originaalt Wuert vun Allah. Wärend am Chrëschtentum net d'Bibel, mä Jesus Christus d'Wuert vu Gott ass, ass et am Islam net de Mohammed, mä de Koran. Dofir gëtt am Chrëschtentum vun "Inkarnatioun" (Gott ass Mënsch ginn) geschwat, am Islam awer vun "Inlibratioun" (Gott ass Buch ginn).

No traditionellem islamesche Verständnes ass de Koran deen Text, deen de Mohammed vu 610 bis 632 vum Gabriel diktéiert krut. Mëttlerweil gëtt et awer och mosleemesch Wëssenschaftler, déi, grad wéi an der chrëschtlecher Theologie, eng historesch-kritesch Exeges vum Koran bedreiwen, an noweisen, datt och de Koran aus ganz ënnerschiddlechen Textzorte besteet an a verschiddenen Zäitsituatiounen entstanen ass.

De Koran besteet aus 114 Kapitelen de sougenannte Suren, woubäi opfält, datt déi éischt déi längst an déi lëscht déi kierzt sinn. De Koran fänkt u mat enger Sure déi an all Gebiet rezitéiert muss ginn, genannt Al-Fatiha ("Déi déi opmécht"). E gleewege Moslem liest de Koran just an der Originalsprooch, d. h. op Arabesch, well all Iwwersetzung eng Interpretatioun ass, also vläicht eng Verfälschung kéint sinn.

An de Koranschoule ginn d'mosleemesch Kanner an de Koran agefouert.

Kuckt och änneren

De Koran Projet vum Jean-Michel Treinen

Um Spaweck änneren

Commons: Koran – Biller, Videoen oder Audiodateien