Konstantin von Tischendorf

De Lobegott Friedrich Konstantin von Tischendorf, gebuer den 18. Januar 1815 zu Lengenfeld (Vogtland) a gestuerwen de 7. Dezember 1874 zu Leipzig, war en däitschen evangeeleschen Theolog.

Liewen änneren

Seng éischt Ausbildung krut de Konstantin Tischendorf als Fils vun engem Doktor zu Lengenfeld, dunn ass hien an de Gymnasium vu Plauen opgeholl ginn. Méi spéit huet hien zu Leipzig Theologie a Philologie studéiert.

Obwuel hien d'Promotioun erreecht hat, huet hie bal net als Privatdozent geschafft, mä hien huet wéinst sengem Studium vill Reesen a Frankräich, Groussbritannien, Italien an an den Noen Osten gemaach. Eréischt 1845 ass hien op Leipzig zeréckgaangen, fir seng Fuerschungsresultater auszewäerten. Sechs Joer méi spéit gouf hien Honorarprofesser an 1853 krut hien d'Ordinariat fir Theologie a biblesch Paleographie.

Ënner anerem huet hien de Codex Ephraemi Syri entziffert an de Codex Sinaiticus entdeckt. Fir dës a vill aner Entdeckunge gouf hie souguer an de russeschen Ierfadel opgeholl.

1873 ass hien un de Suitë vun engem Schlag gestuerwen. Mat sengem Liewenswierk ass de Caspar René Gregory weidergefuer.

De Codex Sinaiticus änneren

Wärend senge Fuerschungsreesen huet hien haaptsächlech no ale Bibelhandschrëfte gesicht, wa méiglech no Originalschrëften, fir deenen aneren Theologen Manuskripter virleeën ze kënnen, op déi si zeréckgräife kéinten a woubäi si och en zouversichtlechen Ausgangspunkt hätten. Seng bedeitendst Entdeckung war déi vum Codex Sinaiticus (1844) am Katharine-Klouschter, wat hien nach zweemol, am Joer 1853 an 1859, besicht huet.

1862 huet hien dëse Codex verëffentlecht an eng gënschteg Faksimile-Editioun dovun erausbruecht, fir datt all d'Theologen d'Bibelhandschrëft studéiere kéinten.

Um Spaweck änneren

Commons: Konstantin von Tischendorf – Biller, Videoen oder Audiodateien