D'Hallefinsel Kola (Russesch: Кольский полуостров - "Kol'ski poluostrow") läit op russeschem Territoire a gehéiert zu dem Oblast Murmansk. D'Hallefinsel grenzt um nërdleche Bord un d'Barent Mier an am Osten a Süden un d'Wäisst Mier.

D'Gebitt ass räich un natierleche Ressourcen (Äerzer a Mineraler). Minett, Aluminium, Titan an Apatit sinn déi déi am heefegste virkommen.

Am Nordoste läit Murmansk, déi gréisst Stad vun der Hallefinsel. Zu sowjeteschen Zäite war d'Hafestad den Zentrum vun der Atom-U-Boot Produktioun an Haaptsëtz vun der sowjetescher (haut russescher) Nordmierflott.

Kola huet duerch déi sëllege militäresch an industriell Aktivitéiten an deene leschte Joerzéngten ekologesch ferm gelidden. D'Eraushuele vum Apatit an déi bestänneg radioaktiv Kontaminatioun duerch déi iwwer 250 -haut zwar net méi aktiv, mä schlecht isoléierten- Atomreaktere sinn hei d'Haaptursaachen.

Zanter 1970 ginn op der Hallefinsel och geologesch Buerunge gemaach. Déi déifst ass déi sougenannt Kola-Buerung. 1994 gouf eng Déift vun 12.262 Meter erreecht, bis haut Weltrekord.

Um Spaweck änneren

Commons: Kola Peninsula – Biller, Videoen oder Audiodateien