Knäppchen (Stad Lëtzebuerg)
De Knäppchen ass eng Strooss am Rollengergronn an der Stad Lëtzebuerg, ënnerzeg vum Boulevard Napoléon 1er. Se geet vun der Rue de Rollingergrund aus fort, knéchelt sech tëscht den Haiser erduerch a kënnt erëm an der Rolléngergrënnecherstrooss, op der Héicht vun der Place Maurice Pescatore eraus.
Numm |
lb: Knäppchen fr: Knäppchen |
---|---|
Fréieren Numm | fr: Kneppchen[1] |
Längt | ca. 280 m |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Lëtzebuerg |
Quartier | Rollengergronn |
Postcode | 1863 |
Koordinaten |
49° 37’ 07’’ N 06° 06’ 35.6’’ O |
Genannt no | Knupp |
De Stroossennumm ass do drop zeréckzeféieren, datt et eng Kopp oder Knupp (Knapp) bei der Strooss gëtt[2].
Uganks gouf d'Strooss mat der falscher Schreifweis „Kneppchen“ bezeechent.
Biller änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Knäppchen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ falsch Schreifweis
- ↑ Evy Friedrich, 1984. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons stad 17: 24-25. Am Artikel ass eng falsch Referenz vun der Strooss, se ass net parallel mat der Rue de Neudorf, ma mat der Rue de Rollingergrund