Klengkierper (Astronomie)

Klengkierper sinn eng vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU) de 24. August 2006 zu Prag neidefinéiert Himmelskierperklass.

Den Asteroid (243) Ida mam Mound Dactyl

Ënner de Kleengkierper ginn Asteroiden, Koméiten a Meteoroiden zesummegefaasst, déi direkt d'Sonn ëmkreesen an dobäi net genuch Mass hunn, fir sech duerch hir eege Gravitatioun zu enger bal kugelfërmeger Gestalt zesummen ze zéien. (Hydrostatescht Gläichgewiicht).

Wéinst genuch Mass fir en hydrostatescht Gläichgewiicht zielen d'Planéiten an d'Zwergplanéiten net zu de Klengkierper. Och natierlech Satellitten (Mounde) souwéi d'Brocken an d'Deelcher vu Ranksystemer gehéieren net zu de Klengkierper, well si d'Sonn net direkt ëmkreesen.

Literatur änneren

  • Ingrid Mann: Small bodies in planetary systems. Springer, Berlin 2009, ISBN 3-540-76934-X
  • Bonnie A.Steves, Archie E. Roy: The dynamics of small bodies in the solar system-a major key to solar system studies.Reidel, Dordrecht 1999, ISBN 0-7923-5466-4.
  • Tadashi Mukai, (et al.): Sample return missions to small bodies. Pergamon, Oxford 2000
  • John S.Lewis: Mining the sky - untold riches from the asteroids, comets, and planets.Addison-Wesley, Reading 1997, ISBN 0-201-32819-4

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Small Solar System bodies – Biller, Videoen oder Audiodateien