Déi kleng Mierjoffer (dänesch: den lille Havfrue) ass eng weltbekannt Statu am Hafe vu Kopenhagen, déi den 23. August 1913 ageweit gouf.

De Steen am Hafe vu Kopenhagen, op deem d'Skulptur sëtzt. Aus Copyright-Grënn ass et net erlaabt, eng Foto vun der Statu op Wikipedia ze weisen.

Quelle vun der Figur änneren

D'Geschicht vun der Joffer mam Fëschschwanz geet zeréck bis op d'Seeche vun der Undine. Lëtzebuerg kennt d'Melusina. Weltbekannt gouf dem Hans Christian Andersen säi Märchen, dat hien 1837 erausbruecht huet.

Wéi et zu der Statu koum änneren

Et war dem Hans Beck säi Ballet, deen 1909 den dänesche Béierbrauer Carl Jacobsen (Carlsberg) sou besiess gemaach hat, datt hien eng Statu zu hirer Éier wollt opriichte loossen. De Sculpteur Edward Eriksen krut den Optrag, eng bronze Mierjoffer ze géissen. Fir de Kapp an den Torso huet den Eriksen seng Fra Eline als Modell geholl. Interessanterweis weist d'Statu de Moment vun der Metamorphos, dee Moment an deem sech de Fëschschwanz a Bee verwandelt.

D'Statu ass 165 Zentimeter héich a weit 175 Kilo. D'Mierjoffer sëtzt op engem Granitsteen a kuckt a Richtung Stad. Scho laang ass déi Statu eng vun de meeschtfotograféierte Skulpturen op der Welt.

Wéi och d'Gëlle Fra gouf d'Joffer 2010 ofmontéiert, fir tëscht Mee an Oktober op der Weltaustellung zu Shanghai gewisen ze ginn.

Konschtzerstéierer änneren

Déi plakeg Joffer huet net nëmmen d'Fantasie vun den Touriste gerëselt; och Konschtzerstéierer hu sech ugeschwat gefillt:

  • Den 1. September 1961 krut se e Soutien an e Slip gemoolt an hir Hoer goufe rout ugestrach.
  • Den 28. Abrëll 1963 gouf rout Faarf iwwer se geschott.
  • De 24. Abrëll 1964 gouf se gekäppt.
  • De 15. Juli 1976 gouf se nees mat Faarf iwwerschott.
  • Den 22. Juli krut se de rietsen Aarm erofgeseet.
  • De 5. August 1990 ass probéiert ginn, fir de Kapp erofzeseeën.
  • De 6. Januar 1998 gouf se nees gekäppt.
  • Den 11. September 2003 gouf d'Statu vun hirem Stee geholl an an d'Waasser gehäit.

Um Spaweck änneren

Commons: The Little Mermaid – Biller, Videoen oder Audiodateien