Kithairon (gr. Κιθαιρώνας) ass e Bierg a Griicheland. Säin héchste Punkt ass op 1.410 m wou och d'Flëss Asopos a Kephisos entsprangen.

An der Antiquitéit huet de Kithairon déi westlech Grenz tëscht Attika a Böotien gemaach, déi duerch Wuechttierm a Kastellen (z. B. Panakton, Drymos, Phyle) befestegt waren. Am Süde louch Eleutherai, dee mythischen Uert wou den Dionysos hierkoum. Um Nordhang huet sech d'Schluecht vu Plataeae ereegent.

A verschiddene Kulte goufen um Bierg den Dionysos, den Zeus, d'Hera an d'Nymphe veréiert. Den Numm vum Kithairon geet op e böotesche Kinnek zeréck. Der So no hate sech den Zeus an d'Hera mol erëm eng Kéier an d'Hoer kritt wéinst dem Zeus senge Säitespréng. De Kinnek Kithairon huet dunn dem Zeus geroden eng hëlze Statu maachen ze loossen, hir Fraekleeder unzedoen a mat hir an engem Won ronderëm ze fuere fir s'als seng nei Fra ze presentéieren. Wéi d'Hera dovu gewuer ginn ass, ass si an enger Roserei op de Won duergaangen an huet der Statu d'Kleeder erofgerappt. Wéi si gemierkt huet dat s'ugeschmiert gi war, huet si missen häerzlech laachen a war bereet sech erëm mam Zeus ze verdroen. Zu deem Gedenken gouf all Joer d'Fest vun den Daidale gefeiert. Daidalen war d'Bezeechnung fir déi hëlze Statuen.

Och aner griichesch Mythen hu sech zum Deel do ofgespillt: den Herakles huet do Ranner gehitt an de sougenannte Kithaironesche Léiw ëmbruecht, den Ödipus ass do ausgesat ginn, den Apollo an d'Artemis hunn do d'Kanner vun der Niobe ëmbruecht, an och d'Mythe vum Pentheus, Aktaion an Antiope hate mat dësem Bierg ze dinn.

Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'griichesch Mythologie.