De Kings Canyon ass de gréissten an déifste Canyon an Zentralaustralien. E läit am Northern Territory, 420 km südwestlech vun Alice Springs. De Kings Canyon huet sech zu enger vun de gréissten Touristenattraktiounen am Northern Territory entwéckelt. Seng Klippe sinn 270 m héich.

Kings Canyon

Geographie änneren

De Kings Canyon läit am Wattarka Nationalpark, deen 300 km südwestlech vun Alice Springs läit.

Geologie änneren

E gëtt och de klenge Grand Canyon vun Australien genannt. Eng spektakulär Schlucht, déi iwwer 270 Meter héich an 1 km laang ass. D'Fielse liichten an alle Faarwe vu giel, iwwer gro bis zu rouden Téin.

Planzen an Déieren änneren

Dës Schlucht ass eent vun de wichtegste Gebidder am Rouden Zentrum. Zirka 600 Planzenaarten, dorënner vill Reliktplanzen aus den Urzäiten déi duerch déi fiicht-tropesch Vegetatioun erhale bliwwe sinn. Um dréchene Buedem vum Canyon wuesse grouss Floss-Eukalypten. Am Dall vum Canyon stinn uraal Palmfarnen a laanscht Strooss fir an de Canyon, fënnt ee Wüsteneechen a verschiddenen Alterskategorien.
Et gëtt vill Zorte Vullen, wéi Perruchen, Zebrafénken, Diamantdeiwecher an den Äisvull. Mat Chance kann ee fréi mueres och Fielsekängurue gesinn.

Wanderen änneren

Et gëtt verschidde Wanderweeër, wéi de Kings Canyon Track deen 8 km laang ass an deen duerch d'Palmenoas Valley of Eden féiert, oder en Tour, duerch an iwwer d'Griechten, vu 6 km, wou d'Differenz vun der Héicht 150 Meter ass. Den einfachsten Tour duerch d'Flossbett, de Kings Creek Walk, geet ënner risegen Eukalyptusbeem laanscht an dauert ongeféier eng Stonn.