Kierfecht um Sichenhaff
De Kierfecht um Sichenhaff oder Pafendaller Kierfecht (offiziell Cimetière des Bons-Malades) läit um Sichenhaff am Quartier Pafendall vun der Stad Lëtzebuerg an ass ee vun de 14 Kierfechter déi an d'Kompetenz vum Service Cimetières vun der Stater Gemeng falen.
Um ënneschten Deel vum Kierfecht, a Richtung Pafendall gekuckt | |
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Pafendall |
Adress | Rue de Stavelot / Val des Bons-Malades |
Fläch | 1,4272 ha |
Koordinaten |
49° 37’ 15.85’’ N 06° 07’ 58.76’’ O |
Gestioun | Service Cimetières vun der Stad Lëtzebuerg |
Um Bord vum Kierfecht, bei der Eisebunnsënnerféierung, steet d'Sichenhaffer Kapell déi dem hellege Péitrus vu Verona geweit ass.
Geschicht änneren
Um Sichenhaff, baussent der Festung, stoung vun ufanks dem 13. Joerhonnert bis zirka 1770 d'Leproserie, wou Leit déi u Lepra erkrankt waren, vum Rescht vun der Bevëlkerung isoléiert goufen, fir sou eng Weiderverbreedung vun der Krankheet ze verhënneren. Um Kierfecht deen do ugeluecht gouf, goufen uganks just déi Verstuerwen aus der Leproserie begruewen. Vu 1781 un, wéi keng „Aussätzeg“ méi do gewunnt hunn, konnten dunn all déi Verstuerwen aus der Par Sankt-Méchel do begruewe ginn[1].
Geographie änneren
De Kierfecht läit um Sichenhaff, ëstlech vun der Uelzecht, laanscht dem Sichegronn. E grenzt am Norden un de Quartier Weimeschkierch an am Nordosten un de Kierchbierg.
En huet d'Kuriositéit, datt en duerch d'Eisebunnsstreck Lëtzebuerg-Ëlwen an zwee gedeelt ass.
Monumenter um Kierfecht änneren
- Um Kierfecht steet dat sougenannt „Kommunardegraf”, e Monument als Undenken un zwéi Kommunarde vu Paräis, déi am Exil zu Lëtzebuerg gestuerwe sinn.
- Um ieweschten Deel ass e Grafmonument als Erënnerung un déi franséisch Zaldoten déi am Franséisch-Preisesche Krich vun 1870/1871 zu Lëtzebuerg gefall sinn.
Griewer vu bekannte Perséinlechkeeten änneren
Biller änneren
-
D'„Kommunardegraf”
-
D'Kräizer an Erënnerung un d'Affer vun der Pescht
-
Um ieweschten Deel vum Kierfecht
Literatur änneren
- ons stad 44/1993 mat enger Rei Artikelen zum Sujet „Kierfecht“
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Commons: Kierfecht um Sichenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten änneren
- ↑ Einiges vom Siechenhof. Luxemburger Wort, Jg., nº 110, p. 5. (21.04.1941). Gekuckt de(n) 31.10.2021.