Kierch St. Paulin (Tréier)

Dësen Artikel iwwer e reliéist Gebai ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Net wäit ewech vun der Porta Nigra zu Tréier steet an nërdlecher Richtung déi spéitbarock Stëftungskierch St. Paulin.

St. Paulin-Kierch vu vir

Grad sou, wéi St. Matthias ass deen éischte Kierchebau op der haiteger Plaz, baussent der réimescher Stadmauer op engem fréichrëschtleche Griewerfeld ëm d'Enn vum 4. Joerhonnert zu Éiere vum Tréierer Bëschof Paulinus opgeriicht ginn. No engem Brand am Joer 1093 ass 1148 dee vum Poopst Eugen III. geweiten Neibau entstanen, deen am Eruewerungskirch vum franséische Kinnek Louis XIV. 1674 zerstéiert ginn ass.

Portal vun der Kierch

De Kurfürst Franz Georg von Schönborn huet 60 Joer méi spéit de Grondstee geluecht fir déi haiteg Kierch, déi no Baupläng vum grousse Barockbaumeeschter Balthasar Neumann gebaut gouf. Vu 1734 bis 1754 ass de Bau a schéinster kënschtlecher Eenheet entstanen. D'Bannendekoratioun ass aus de kënschtlereschen Hänn vum Ferdinand Tiez an Thomas Scheffler entstanen. D'Plafongsfreske sinn dem Hl. Paulinus gewidmet.

St. Paulin-Kierch zu Tréier

Um Spaweck änneren

Commons: St. Paulin (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien