D'Kierch vu Kënzeg ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Kordall Sainte-Barbe, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Käerjeng gehéiert.

Kierch vu Kënzeg

Uertschaft / Plaz Kënzeg
Par Kordall Sainte-Barbe
Dekanat Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Remigius
Koordinaten 49° 35’ 54.3’’ N
      05° 52’ 26.4’’ O
Kierchen - Kapellen

D'Kierch ass dem hellege Remigius geweit, deem säi Fest den 1. Oktober gefeiert gëtt. Um Festdag vum Patréiner, dem Remigidag, ass zu Kënzeg déi Kleng Kiermes.

Se steet zentral an der Uertschaft an der Kierchestrooss, dem CR110, géintiwwer vum Gemengenhaus an der Schoul. Ronderëm d'Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Geschicht änneren

Am Joer 1726 ass mam Bau vun der Kënzeger Kierch ugefaange ginn. De Bau ass ganz aus Hasteng.

1987 gouf se op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1] Tëscht 1994 an 1999 gouf d'Kierch komplett renovéiert.

Uergel änneren

Am Joer 1939 ass d'Uergel, déi 1887 vun der Firma Wetzel vu Stroossbuerg opgeriicht gouf, vun der Firma Haupt vu Lëntgen ëmgebaut ginn.

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Kënzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).