Kierch Hueschtert (Nidderaanwen)

D'Kierch vun Hueschtert ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Iewescht Syr Saint-Esprit, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Nidderaanwen gehéiert.

Kierch vun Hueschtert

Uertschaft / Plaz Hueschtert
Par Par Iewescht Syr
Saint-Esprit
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Johannes den Deefer
Baujoer 1857 an 1859
Koordinaten 49° 39’ 29.6’’ N
      06° 13’ 58.6’’ O
Kierchen - Kapellen

De Patréiner ass den hellege Johannes den Deefer, deem säi Fest de 24. Juni gefeiert gëtt.

Se steet op der Place Grande-Duchesse Charlotte op der Kräizung vun der Haaptstrooss (rue Principale) mat der rue de la Gare.

Zur fréierer Par Hueschtert huet ausser der Parkierch vun Hueschtert och nach d'Filialkierch vun Iernster gehéiert.

Geschicht änneren

D'Kierch vun Hueschtert ass tëscht 1857 an 1859 gebaut ginn nodeem déi al Kapell um Hueschterter Kierfecht ze kleng gi war. 1871 gouf iwwer der Agankspaart eng Statu vum hellegen Cyriakus ubruecht. Bannen an der Kierch ass um rietse Säitenaltor nach eng Statu vum Hl. Cyriakus ze gesinn.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kierch Hueschtert (Nidderaanwen) – Biller, Videoen oder Audiodateien